




Fonctionnement

Wie kann eisem Reseau bäitrieden?
Industriell Betriber / Familljenentreprisen / Grouss Entreprisen / Geschäfter / Organisatiounen (ëffentlech Institutiounen, Muséeën) / Logistikzenteren / Betriber déi hir Dieren zoumaachen oder plënneren.


121, rue Jean-Pierre Bausch
L-4023 Esch-sur-Alzette
News

D‘Engagement vun der Boulangerie Paul vu Féitz an enger sozialer Aktioun ass een gutt Beispill fir de Kreeslaf-Réseau vum Centre Formida. An dësem Kontext krut en Jugendlechen aus dem Centre Formida d’Chance fir en Apprentissage als Pâtissier an dësem Betrib ze maachen. Duerch d’Engagement vun béide Parteien ass et zu enger konstruktiver Zesummenaarbecht komm.


Är Avantagen
- Kanner a Jugendlecher an hirer kreativer Entwécklung ënnerstëtzen
- Hëllefen, Offall ze reduzéieren a Ressourcen ze spueren
- Méi grouss Visibilitéit an Ärer Regioun
- Deel si vum „Centre Formida Circular“, enger sozialer an ökologescher Aktioun

Beispiller vu Reschtmaterialien

Materiale sammelen
Mir kënnen nëmme Materialien unhuelen, déi eise Sécherheets- a Qualitéitskritären entspriechen. Är Materialien däerfen net potenziell schiedlech, oder ze vill dreckeg sinn.
Downloads





